Startsäit - Eventer a Promotiounen
Maacht mat bei eisen exklusiven Events bei LUXFLY!
Bei LUXFLY organiséieren mir reegelméisseg speziell Eventer fir eis Clienten. Egal ob et Kompetitiounen, Dieren-oppen-Dag, thematesch Owender oder Kannersaachen sinn – all Geleeënheet ass eng nei Chance, eng eenzegaarteg Erfahrung ze genéissen
Flying kids Funday
Gëff Astronaut oder Superheld, d’Wiel ass déng!
Flying Kids Fun Day Versioun 2 – Verpasst net déi zweet Sessioun den 24 Novembre 2024!
Gëff dengem Kand eng onvergiesslech Erfarung voller Spaass, Fléien a Neientdeckungen!
Wat erwaart si?
Den Dag ass speziell fir Kanner entwéckelt, fir datt si en zauberhaften Moment erliewen, wou si sech a Mini-Astronauten oder Superhelden verwandelen. Hei ass wat mir geplangt hunn:
- Indoor Fluch-Sessiounen: Deng Kanner kënnen an eisem Wandtunnel fléien an d’Fräiheet an Opreegung erliewen wéi richteg Helden!
- Briefingen an Debriefingen
- Spiller a Warm-ups
- Lëschteg Erausfuerderungen
- Verwandelt Är Kanner an Helden fir een Dag
- All Kand kann wielen, ob et sech an en Astronaut verwandelt, deen d’Weltall entdeckt, oder an e Superheld, deen duerch d’Luucht flitt, fir en Dag, deen si ni wäerten vergiessen!
Detailer an Reservatiounen
Datum: 24 Novembre 2024 – 10:30 bis 16:30
Tariffer:
- 135€ fir Net-Memberen
- 80€ fir Memberen oder ProFlyers
Verpasst net dës zweet Chance, Äre Kanner en Dag voller Spaass ze bidden!
Reservatioun:
- Schéckt eng E-Mail mam Bezuelungsbeweis un: hello@luxfly.eu
- Maacht d'Bezuelung op folgend Kontosnummer: BE61 7320 4695 4317 - mat dem Numm vum Kand an "kidsday" als Referenz.
BOOK NOW
Hei ass den coolen an flotte Programm fir eise Flying Funday den 24.11! 🎉
- 🕥 10:30-11:00: Begréissung & Virstellungen – Loosst eis eis kenneléieren a sech op en super Dag virbereeden!
- 🧘 11:00-11:30: Opwiermung + Briefing + Fotoen 📸 (Steve, mir zielen op dech fir d’Magie festzehalen!)
- ✈️ 12:00-12:30: Éischt Flich – Lass geet et!
- 🍽️ 12:30-13:30: Mëttespaus – E bëssen Energie tanken, ier et weidergeet!
- 🎨 13:30-15:00: Schminken & Musée-Besuch – Mat dréchener Schmink (keng Helmflecken!) an engem klenge kulturelle Moment.
- ✈️ 15:00-15:30: Equipement & Erëm fléien – Zréck an den Tunnel!
- 💆 15:30-16:00: Massagen & Stretching – Relax mat Tennisballmassagen!
- 🍰 16:00-16:30: Kaffi & Kuch – E süssen Ofschloss fir en fantasteschen Dag!
Eng nei Geleeënheet, fir är Kanner hiren Dram lieweg ze maachen!