Iwwer eis

De Fortschrëtt vun Extremsporten mat der Zäit

An de leschte Joeren hunn d'Wandtunnelen d'Praxis vum Extremsport revolutionéiert an hunn se op den nächste Niveau bruecht. De Prinzip baséiert op engem Wandtunnelsystem dat déi richteg Sensatioun vum fräie Fall fuerdert.

Am Joer 2006 hu mer den éischte Wandtunnel-Projet an Europa realiséiert well mir eis Léift fir dëse Sport deelen an d'Geleeënheet hunn sou villen Leit wéi magescht Gefill ze gin fir fléien.

Méi wéi 10 Joer méi spéit huet den Skydiving eis net opgehaalen motivéiert ze sin an mer sin emmer inspiréiert duerch seng staarker Gemeinschaft. Mir deelen dat wäertvollt Gefill zesummen, dat nëmmen déi, déi am Wand gelieft hunn, kënne verstoen.

DE BAU VU LUXFLY SKYDIVE


De Projet, deen am Meen 2019 ugefaangen huet, ass am 2020 offiziell ageweit ginn. Dat monolithescht Gebai, mat enger Héicht vu 27 Meter héicht, ganz aus Bëtong, gehéiert zu de gréisste Simulatoren an der Welt a ka bis zu 25 Persoune gläichzäiteg opzehuelen.


D'Fluchkummer mat engem Duerchmiesser vu 15 Fouss oder 4,5 Meter besteet aus enger gliesener Mauer vun 8 Meter Längt an enger effektiver Héicht vun 21 Meter! A net nëmmen dat! Eis Installatioun huet verschidde Raim déi Iech verschidden Zerwisser ubidden. D'Raim, déi Iech zur Verfügung stinn, sinn ënner anerem: eng Bar, en Erhuelungsraum, voll equipéiert Réuniouns- a Formatiounssäll, eng Rei vu Vestiairen (Männer / Fraen) mat sanitären Ariichtungen, e Buttek e Raum fir z'Entspane ronderëm d'Fluchkummer.

D'GRËNNER VUN DËSEM GIGANTISCHEN PROJET 

Steve & Magali Braff, D'Grënner vum éischte Simulator fir de fräie Fall an der Belsch sinn och d'Grënner vu LUXFLY SKYDIVE, zwee ganz erfuere Fallschiermsprénger.

Zesummen hu Si iwwer 10'000 Spréng aus dem Fliger gemeet, verschidde Weltrekorder am Fallschiermsprangen (Skydive) opgestallt an Honnerte vu Fluchstonnen am Wandkanal gemaach. Si wëllen Iech déi Leidenschaft weidervermëttelen, déi et hinnen erméiglecht huet, sou en erfollegräichen a flotte Beruff ze maachen. Dofir wëllen si mat Iech den eelsten Dram vun allen deelen: d'Fléien! Si leeden och eng Berodungsfirma: "STARFLY" (www.starfly.world), déi bei der Entwécklung vu Fräizäitprojeten an der ganzer Welt hëlleft.

Si innovéiere vun Ufank un, fir d'Simulatioun vum fräie Fall nach méi sophistiquéiert a impressionnant ze maachen. All hir technologesch Fortschrëtter am Bau an der Gestioun dovun erméiglechen et Iech, dee konstantste Loftstroum ze hunn an déi opreegendst Flucherfarung op der Welt ze genéissen. D'Tunnelle vu STARFLY ginn dobäi och ëmmer méi ëmweltfrëndlech! E Projet realiséiert an Zesummenaarbecht mat "STARFLY & IDELUX".

All hir technologesch Fortschrëtter am Bau an der Gestioun dovun erméiglechen et Iech, dee konstantste Loftstroum ze hunn an déi opreegendst Flucherfarung op der Welt ze genéissen.

E Projet an Zesummenaarbecht mat www.starfly.world

Hallo!
Please login to your account or register a new account if you don't have an account yet.

Akaafsweenschen

De ganze Montant: € {{ shoppingCart.total }}

Akaafsweenschen

Ären Akafswein ass eidel

{{ shoppingCart.name }} derbäigesat

Bestellen

Gitt e PROFLYER

You practice on a regular basis and wish to buy flight time and plan your training online? Click on Become a PROFLYER.

You will be notified by email once your request is processed.